Produkter:

Äppelwäin , 7 verschidden Äppelgebeessvariatiounen, Viz an 3L a 5L Bag-in-Box Këschten, Corbeillen an Form vun Äppelkëschten.

ab 2016 kommen derbäi: Äppelschampes an verschidden Äppelesseger.

Beschreiwung:

2014 ass d’Berdorfer Äppelkëscht entstan, wou mir mat vill Spaass an Begeeschterung naturbeloossen Produkter aus regionalen Äppel produzéieren. Wei sou oft , sinn et déi einfach Saachen, déi am beschten schmaachen: Äppel aus der Regioun, zur richtegen Zäit gesammelt, an schounend weiderverschafft.    „Bei eis dréint sech alles ëm den Apel.“     Well mir dat och weiderhin behaapten wëllen, setzen mir eis fir den Erhalt vun regionalen Bongerten an. Et ass wichteg wann een op qualitativ héichwäerteg Uebst aus der Regioun zréckgräifen well, een nohalteg an bewosst wirtschaft. Duerch een gezielten Schnëtt virum Fréijoer vun aalen Beem, bleiwen si eis erhalen. Desweideren planzen mir am Hierscht nei Beem no. Doduerch bedreiwen mir Naturschutz, erhalen an schafen wichteg Liewensraim an droen eisen Deel dozou bei, dat eis Géigend hier charakteristescht Landschaftsbild behält.

Berdorfer Äppelkëscht

Öffnungszäiten:

Déi ganz Woch no Ofsprooch.

Besicht eisen Internetsite mat Webshop, wou mir och d’Liwwerung vun eisen Produkter ubidden.

Adresse:

Ben Vrehen

75, rue d’Echternach     L-6550 Berdorf

Tel: 621 55 47 69

Website: www.aeppelkescht.lu

E-Mail: info@aeppelkescht.lu