Kinniginnen an natierlechen Hunneg
Schnell wor de Claude Hansen vun der Imkerei begeeschtert an huet dës dunn och 2009 zu sengem Hobby gemaach. Mat 2 Stäck ugefangen huet sech de Beiebestand schnell vergréissert an ass haut bis ob 20 Beievëlker ugewuess. Vu Fréijor bis Hierscht stinn seng Vëlker uechtert de Mëllerdall verdeelt.
Besonnesch faszinéiert ass den Hobbyimker vun der besonnescher Rouh a Kraaft déi an dem Schaffen mat de Beien stëcht. D’Aarbecht verlaangt vill Gedold a bleift allzäit spannend, well déi nächstjähreg Resultater baséieren ob den dësjähregen Entscheedungen a sënn sou nëmmen zäitverzögert erkennbar.
Seng Hunnegproduktioun bedreift de Claude Hansen am klenge Stil. Seng Hunnegprodukter kënnen ob der Dieschbourgmillen <Specksmillen> (Lauterbur-Halte 3 , Iechternach) kaaft ginn. Besonnesch interesséiert de Claude Hansen sech awer och fir d’Kinniginnenzucht, wat mat vill Erfahrung an enger glécklecher Händchen verbonnen ass.
Beieprodukter:
Sech mat Beie ofginn huet an éischter Linn mat der Freed a Begeeschterung fir d’Liewen an Wierken vun dësen faszinéierenden Insekten ze dinn. Awer natierlech dierf de séissen Hunneg net vergiess ginn. Den ob der Dieschbourgmillen gewonnenen Hunneg gëtt all no lëtzebuerger Regelen produzéiert.
Hansen Claude, Hunneg
Business hours.
Monday-Friday 9:00-12:00 AM and
14:00-17:00 PM
Adresse:
Moulin Dieschbourg
Lauterborn-Halte L-6562 Echternach
Tél.: 72 00 36 Fax: 72 05 84