Tudorsgeeschter

Öffnungszäiten.

Op Ufro all Dag, och owes an de Weekend


Adresse:

Georges Schiltz

8, rue Tudor   L-6582 Rosport

Gsm: 691 74 25 70

email: georges.schiltz@tudorsgeeschter.lu

www.tudorsgeeschter.lu

Produkter:

Regionalt Uebst zu dem verschaffen, wéi et am beschten schmaacht, dem Konsument gudd deed an am meeschten Freed mecht!... dat as den Grondsatz, d´Philosophie vun Tudorsgeeschter.lu.

Entstaanen as den Betriib aus enger Brennerei eraus, déi säit villen Generatiounen zum Haff gehéiert, op dem vun der Famill Schiltz méi wéi 500 Beem gepfleegt gin. Des Bongerten mat villen bal an vergieß gerodenen Uebstsorten sen net nëmmen eng Schatzkammer vun der Biodiversitéit, mee sie liwweren Uebst vun héchster Qualitéit an domat d´Grondlag fir déi héichwerteg Produkter vun den Tudorsgeeschter.


- Verschidden Jus´en, agefellt an Glasfläschen oder Bag-in-Box

- Sirup- zum Beispill den HOLUA aus Hielenterbléien (fir Hugo, Téi oder frësch Limonade)

- FruuchtEsseg- zum Beispill mat den Friichten vum Hielenter, exzellent fir Zaloten

- FruuchtWäin- als klasseschen sauren Viiz, oder als BigÄppel- en iwwerraschenden Apéritif- Dessertswäin

  1. -Likör- z.B. typesch lëtzebuergesch mat Hunneg oder ganz außergewéinlech wéi den Speedy mat Orange

  an FairTrade-Kaffi

- Drëppen: déi gudd Friichten kombinéiert mat extrem vill Gedold ergin en feinsten Genoss- z.B. aus Quetschen, Mirabellen oder Poires Williams. Eng Mëllerdaller Spezialitéit as den Digestif zu 100 % aus den mëttlerweil raren Nélchesbiren.  

Außerdem: mat Freed entwerfen mir Eech Aeren individuellen Remerciement oder Cadeau an op Ufro empfänken mir Eech och gaeren fir eng Visite op eisem klengen Betriib